Paarformelen am Walkampf (November 2013)

Zu Schreibweise und Auswahl der Belege siehe die allgemeine Anmerkung am Ende des Textes.

Virgezunne Wale gi gären Hand an Hand mat engem spektakuläre Walkampf. Spektakulär an deem Sënn, datt d’Parteien sech mat Walslogan géigesäiteg iwwerbidde bis datt de Wieler net méi weess wéi enger Partei ee wéi eng Attributen zouschreiwe soll. Dëst ass sécherlech keen Zoufall, wouduerch et ganz spannend ass mol hannert d’Kulisse vun dëse Walspréch ze kucken an ze verstoe wéi se formal an inhaltlech funktionéieren. Dobäi gëllt et ëmmer déi aktuell Positioun vun de Parteien am Hannerkapp ze behalen, well déi verschidde Walslogan ëmmer als Funktioun vun der Situatioun vun de Parteien ze verstoe sinn.

Ganz beléift an der Politik sinn d’Paarformelen. Paarformelen eegnen sech ganz gutt an engem politesche Kontext, well se eng fest Verbindung vun op d’mannst zwee inhaltlech ähnlechen, gläichen oder géigesätzleche Wierder sinn. Et sinn also kuerz Wuertverbindungen déi sech optimal eegne fir dem Wieler déi eege Kompetenzen, Qualitéiten oder Virstellungen an d’Gediechtnes ze brennen. Sou schreift déi gréng: „Méi Gréng. Méi Verantwortung“, „Gréng Energie Gesond Economie“ oder „Meng Ëmwelt Mäi Liewen“. Si setzt also op Paarformelen déi sech am Ulaut reimen, spréch Alliteratiounen an Duebelreimer. Dëst mat dem Zil eng Associatioun vun déi gréng an hire Qualitéite beim Wieler ervirzeruffen. Och d’CSV bedingt sech der Paarformel an huet als Haaptwalsproch: „fair & stabil“. D’CSV spillt zwar net op hire Parteinumm un; als bis dato stäerkste Partei zu Lëtzebuerg verfollegt si awer och eng ganz aner Strategie wéi zum Beispill déi gréng. Schafft déi gréng méi mat „zukunftsorientéierte“ Phraseologisme fir sech weider ze etabléieren, baut d’CSV op hir Geschicht an op dat wat se bis elo erreecht huet fir de Wonsch no Kontinuitéit beim Wieler ze provozéieren. D’ADR benotzt och Paarformelen a schreift: „adr: éierlech, sozial, lëtzebuergesch“. Interessant ass hir Paarformel well se aus dräi Attribute besteet, déi net duerch Konjunktioune verbonne sinn, wouduerch se als gläichwäerteg empfonnt ginn. Dofir erschéngt “lëtzebuergesch“ hei wéi eng Conclusioun aus den zwee éischten Attributen an entwéckelt eng Zort Identitéitsgefill. Ee ganz anert Konzept vu Paarformelen, nämlech een antonymescht, benotzt d’Piratepartei. Si schwätzt vun „Transparente[m] Staat amplaz gliesene[m] Bierger“. Dës géigesätzlech Paarformel ass an dësem Walkampf zimlech opfälleg, war dach ee staarken Drang no engem Wiessel am Vollek ze verspieren. Dës Emotioun ass an dësem Phraseologismus duerch hir Form virginn andeems se d’Iddi vun Alternativitéit a Géigesätzlechkeet virgëtt an duerch hiren Inhalt bestätegt. Den nächste Mount ginn dann déi zwou aner Phraseologismuskategorie virgestallt, déi dacks am Politberäich unzetreffe sinn: d’Kollokatiounen an d’Idiomen.

Benoît Junk

Typ: Paarformel
Quellen: Plakate, Broschüren und Flyer politischer Parteien im Wahlkampf zur Kammerwahl am 20. Oktober 2013.

Allgemeine Anmerkung:

In der Rubrik Sproch vum Mount des Projekts DoLPh werden luxemburgische Redewendungen allgemeinverständlich in 400-Wort-Artikeln erklärt. Die Schreibweise der Belege richtet sich nach der jeweiligen Orthographie in den Originaltexten und historischen Wörterbüchern, aus denen sie entnommen sind, und ist nicht an die reformierte neue Rechtschreibung angeglichen. Somit wird der sprachhistorischen Ausrichtung des Projekts Rechnung getragen und verhindert, dass vom Sprachgebrauch in älteren Quellen irrtümlich auf die Verwendung im rezenten Luxemburgischen geschlossen wird.

Leave a Reply

You must be logged in to post a comment.