‚t ass een aus dem Abrëll (April 2014)

De Wiessel vun de Joereszäite verleet Phraseologe gär derzou, sech de Kalenner aus enger phraseologescher Perspektiv unzekucken. Séier stéisst een do op eng Hällewull Bauerereegelen, déi Aussoen iwwert d’Wieder an d’Auswierkungen op d’Landwirtschaft man, a besonnesch an Agrargesellschaften, wéi Lëtzebuerg och eng war, vu Generatioun zu Generatioun weidergi goufen. Sproochlech kennzeechne sou Wieder- respektiv Bauerereegelen sech duerch hir kuerz Formuléierung, e bestëmmte Sproochrhythmus an den Endreim: Abrëll kill an naass föllt Scheier a Faass.

Als Synonym fir d’Fréijoer (cf. LWB s.v. Fréiléng) an domat als Iwwergang tëscht Wanter a Summer gëllt den Abrëll als dee Mount, an deem d’Wieder permanent changéiert, et mol kal, mol waarm ass, Sonn a Reen (oder souguer Schnéi) sech ofwiesselen – kuerz: op dat typescht Abrëllswieder ass kee Verlooss. Bliedert een am LWB, an der Spréchwuertsammlung vum Dicks oder vum Mathias Thill, fënnt een zum Mount Abrëll eng Rëtsch Ausdréck, déi op déi onstabil Wiederverhältnisser hindeiten: Den Abrëll as wéi e Kannerhënner, bal dréche, bal naass oder ’t as kän Abrëll esou gutt, e schneit dem Schéifer op den Hutt. A feste Wuertverbindunge wéi Den Abrëll, den Abrëll mécht mam Wieder wat e wëll gëtt de Mount Abrëll personnifizéiert fir déi meteorologesch Onbestännegkeet auszedrécken. Och an Den Abrëll as e Geck, bal schéngt d’Sonn, bal gët et Dreck steet den Abrëll als Gecksmount metaphoresch fir eng launesch Persoun, déi et mat näischt eescht mengt, hir Meenung bestänneg ännert a sech e Spaass draus mécht, aner Leit irzeleeden. Datt d’Virstellung vum Mount Abrëll als onzouverlässege Luussert als Bildspender fir fest Wuertverbindungen dingt, beweisen Ausdréck wéi ’t as een aus dem Abrëll oder deen huet seng Abrëllsnaupen d’ganzt Joer, déi d’Konzepter vu Verrécktheet, Wiesselhaftegkeet an Onbestännegkeet op Persoune projezéieren. Am éischte Beispill geet vun enger Persoun Rieds, déi verréckt ass an se net méi all huet, während deen zweeten Idiom sech op e launesche Mënsch bezitt.

Den Abrëll ass awer och wéinst dem Brauch bekannt, den 1. Abrëll eng Persoun an den Abrëll ze schécken. Besonnesch Kanner loosse sech liicht duerch eng falsch Noricht täuschen a sech enzwousch hischécken eppes sichen oder kafen, wat et guer net gëtt, wéi beispillsweis Méckefett. Iwwer d’Urspréng vun dëser Traditioun ginn et ënnerschiddlech Spekulatiounen, mee keng endgülteg Erklärung. Och d’Fro, ob sech den Abrëllsgeck an de (meteorologeschen a metaphoresche) Gecksmount Abrëll wéinst de gemeinsame Konzepter vu Geck, Onzouverlässegkeet an de Geck mat engem maachen  mateneen a Verbindung brénge loossen, kann net mat Sécherheet beäntwert ginn.

Myriam Hartmann

 

Typ: Idiom, Sprichwort, Feste Phrase
Quellen: LWB; Atten, Alain: De Sproochmates II. Esch-sur-Alzette 2013; La Fontaine, Edmond (Dicks): Die Luxemburger Sprichwoerter und sprichwoertlichen Redensarten. Luxemburg 1857; Röhrich, Lutz: Das große Lexikon der sprichwörtlichen Redensarten, Bd. 1, Berlin 2001; Thill, Mathias: Luxemburger Sprichwörter und Bauernregeln. Luxemburg 1922; Wolter, Laure: 5000 Riedensaarten, Ausdréck a Vergläicher. Lëtzebuerg 1996.

LWB s.v.

Abrëll: 1) «Monat April» — Wetter-, Bauernregeln: ‚t as kän A. esou gutt, e schneit dem Schéifer op den Hutt — A. kill an naass föllt Scheier a Faass […] — Den A. as e Geck, bal schéngt d’Sonn, bal gët et Dreck (Strassen) — Den A. as wéi e Kannerhënner (-aasch), bal dréche, bal naass […]; Aprilscherze: än an den A. schécken, […] — en ass aus dem A. (verrückt)

Abrëllsgeck: «Aprilnarr». Wer in den April geschickt wurde, wird verspottet mit dem Spruch: A,. A., stiech déng Nues an de Kéidreck (seltener: éischten A.)

Abrëllsnaup: «Aprillaune» — deen huet seng Abrëllsnaupen d’ganzt Joer

Abrëllswieder: A. a Fraesënn as verännerlech vun Ubegënn

Fréiléng, -lénk: 1) «Frühling»; 2) «April» — s. Gecksmount

Geck: […] 2) «Spaß, Spott» — hie mécht de G. mat dir — da’s de G. gemaach (mat de Leiden — z. B. bei Verabfolgung zu
geringer Portionen)

Gecksmount: «April» — cf. Abrëllsgeck,Fréileng

Méckefett: «Mückenfett» — den éischten Abrëll hun si e geschéckt M. kafen

Allgemeine Anmerkung:

In der Rubrik Sproch vum Mount des Projekts DoLPh werden luxemburgische Redewendungen allgemeinverständlich in 400-Wort-Artikeln erklärt. Die Schreibweise der Belege richtet sich nach der jeweiligen Orthographie in den Originaltexten und historischen Wörterbüchern, aus denen sie entnommen sind, und ist nicht an die reformierte neue Rechtschreibung angeglichen. Somit wird der sprachhistorischen Ausrichtung des Projekts Rechnung getragen und verhindert, dass vom Sprachgebrauch in älteren Quellen irrtümlich auf die Verwendung im rezenten Luxemburgischen geschlossen wird.

Leave a Reply

You must be logged in to post a comment.