Walkampf tëscht Kollokatiounen an Idiomen (Dezember 2013)

Zu Schreibweise und Auswahl der Belege siehe die allgemeine Anmerkung am Ende des Textes.

Wéi am leschte Mount annoncéiert, geet et an dësem Sproch vum Mount ëm zwee weider dacks benotzte Phraseologismen am Politberäich: d’Kollokatiounen an d’Idiomen. Wichteg ass hei ze wëssen, datt dës zwou Kategorien net ëmmer ganz kloer vuneneen z’ënnerscheede sinn. Den Haaptcritère no deem si zortéiert ginn, ass de Grad u Bildhaftegkeet deen hinnen zoukënnt, woubei Idiomen méi bildhaft si wéi Kollokatiounen.

Vu datt Kollokatiounen also eng méi geréng Bildhaftegkeet opweisen, loossen se an engem politesche Kontext den Androck vu méi Authentizitéit a reeller Ëmsetzbarkeet entstoen. D’Idiomen hunn dodergéint duerch hir Bildhaftegkeet an hiren iwwerdroene Sënn méi eng staark Ausdrockskraaft. Sou setzt d’CSV zum Beispill op den Idiom „Op de Punkt“ an d’LSAP op „Loscht op muer“. Der CSV hire Phraseologismus huet sécherlech méi een héije Bekanntheetsgrad ewéi „Loscht op muer“ a passt och genau dowéinst bei d’CSV, well dëse Phraseologismus duerch seng Agebiergertheet alt nees eng Kéier Kontinuitéit vermëttele wëll. Der LSAP hire Phraseologismus ass awer, op d’mannst fir dëse Walkampf, interessant, well en d’Iddi vu Verännerung matschwénge léisst. Dëst geschitt net nëmmen op inhaltlechem, mee och op formalem Niveau doduerch, datt dës nei Wuertverbindung sech eréischt am Laf vun de Wale verfestegt huet a phraseologesch ginn ass.

Op dësen zukunftsorientéierte Wee huet sech och d’DP beginn a schreift: „Deng Stëmm fir d’Zukunft.“ Ernimmenswäert ass dëse Phraseologismus fir d’éischt, well hei net kloer z’entscheeden ass, ob et sech ëm en Idiom oder eng Kollokatioun handelt, a fir d’zweet well d’DP net probéiert just sech selwer ze profiléieren, mee och de Bierger an eng gewësse Verantwortung drängt. Datt hei net ka mat Sécherheet gesot ginn, ob et en Idiom oder eng Kollokatioun ass, läit dodrun, datt d’Komponent „Stëmm“ als reell ëmsetzbar ze wäerten ass, d’Komponent „Zukunft“ dodergéint als bildhaft, well een zwar wierklech wielt, allerdings eben net „d’Zukunft“ mee Parteien. D’Iddi, de Bierger mat an d’Verantwortung ze zéien, ass duerchaus keng nei, an dowéinst och bei anere Parteie gäre gesinn, well se de Wieler eben direkt uschwätzt. Sou fënnt ee bei der CSV den Idiom: „zesummen fir Lëtzebuerg“ oder bei déi gréng den Idiom: „Gréng wielen Lëtzebuerg stäerken“. Et weist sech also datt d’Idiomen sech enger méi grousser Beléiftheet erfreeë wéi d’Kollokatiounen, déi bal net vertruede sinn.

D’Parteie benotzen deemno zimmlech all déi selwecht Manéier fir de Wieler vu sech z’iwwerzeegen, an zwar andeems d’Verantwortung op de Bierger iwwerdroe gëtt mat Hëllef vu bildhafte Phraseologismen, déi ee Gefill vu Kollektivitéit stëften.

Benoît Junk

Typ: Kollokation; Idiom
Quellen: Plakate, Broschüren und Flyer politischer Parteien im Wahlkampf zur Kammerwahl am 20. Oktober 2013.

 Allgemeine Anmerkung:

In der Rubrik Sproch vum Mount des Projekts DoLPh werden luxemburgische Redewendungen allgemeinverständlich in 400-Wort-Artikeln erklärt. Die Schreibweise der Belege richtet sich nach der jeweiligen Orthographie in den Originaltexten und historischen Wörterbüchern, aus denen sie entnommen sind, und ist nicht an die reformierte neue Rechtschreibung angeglichen. Somit wird der sprachhistorischen Ausrichtung des Projekts Rechnung getragen und verhindert, dass vom Sprachgebrauch in älteren Quellen irrtümlich auf die Verwendung im rezenten Luxemburgischen geschlossen wird.

 

Leave a Reply

You must be logged in to post a comment.